Virbereedung fir den Opbau vun engem Ekoduerf (EcoVillage) zu Esch Uelzecht. Duerchféieren vun entspriechende Virtester. Informéieren a Partner sichen.
D’Ekoduerf nennt sech BENU VILLAGE. Et gëtt dat gréissten a nohaltegst Ecoduerf an der Groussregioun. Hei gëtt, an enger duerfähnlecher Struktur, am Aklang mat natur- a soziale Wäerter geschafft. Dës Wäerter gi weider spezifizéiert an der BENU Charta.
Klick hei fir méi gewuer ze ginn iwwer BENU VILLAGE.
Zu de Gruppen, déi sech schon haut op hir Aktivitéit am BENU VILLAGE virbereeden, gehéieren eng Kleeder-Upcycling-Design-Firma (BENU COUTURE), e Restaurant an eng Verkafsplattform fir soziale Konscht-Upcycling vun externe Partner (BENU LaSA, BENU Local and Social Art).
ob als Member vum BENU Team, als Onofhängegen, Hëllefskraaft, Partner oder fläit och mat der Iddi, fir Dech/Iech mat enger eegener Firma oder Firmeniddi am BENU VILLAGE z’installéieren ? Da kontaktéiert eis per OnlineFormulär, Mail (benu@benuvillageesch.lu) oder Telefon (+352 2791 1949).
Mir freeën eis op Är Noriicht !
Eco Village
Adress 32 rue d’Audun,
L-4018 Esch-sur-Alzette
BENU Village Esch asbl
Adress 50, Rue des Celtes
L-1318 Luxembourg
Email benu@benuvillageesch.lu