Neiegkeete vu BENU
🎉 BENU PopUp Shop Festival 🎉
16/01/2023
Feier zesumme mat eis eisen neien, provisoresche BENU PopUp Shop!
Fir eis kierzlech Plënneraktioun an eise provisoresche PopUp Shop vu BENU COUTURE ze feieren, organiséiert d'BENU Team dräi ganz besonnesch an awer ganz ënnerschiddlech Events!
Kuck Dir eise Programm hei drënner un a komm bei eis, wann s Du kanns a wëlls!
FREIDEN 27.01.23 - BENU NOCTURNE

Zäit: 18:00-21:00
Adress: BENU PopUp Shop, vis-à-vis vun 11 Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette
Komm fir e puer Drinks an ee gemittlechen Austausch um Freidegowend laanscht! De BENU Shop wäert exklusiv op hunn, fir Dech z’ëmfänken an Dir d’Méiglechkeet ze ginn, wärend dësem speziellen „Afterwork“ Owend d’Welt vu BENU COUTURE z’entdecken.
Wat Dech erwaart…
Eng Decouverte Nocturne vun eisem neie PopUp Shop. Ee gemittlecht Zesummesi ronderëm e Glühwäin an anerem Gedrénks. Een entspaanten „Afterwork“ zesumme mam BENU Team
SAMSDEG 28.01.2023 & DONNESCHDEG 02.02.2023 - BENU PubQuiz

Zäit: 19:00-21:30
Adress: BENU PopUp Shop, vis-à-vis vun 11, Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette
Bass Du prett fir e léierräiche Quiz-owend mat BENU? Mir invitéieren Dech, op engem Samschdeg- oder Donneschdegowend op spilleresch Aart a Weis beandrockend Tatsaachen iwwer d’Textilindustrie z’entdecken an dobäi „rescued" Fingerfood a Gedrénks vu BENU SLOOW ze genéissen. Bréng Frënn a Famill mat - mir këmmeren eis ëm de Rescht!
Wat Dech erwaart…
Eng Decouverte Nocturne vun eisem neie PopUp Shop. En 2x 40 Minutte PubQuiz iwwer d’Welt vum Textil. Hausgemaachent Gedrénks a Fingerfood. An natierlech... Ganz vill Spaass!
DËNSCHDEG 31.01.2023 - D'Wourecht hannert d'Textil Spenden

Zäit: 19:00-21:00
Adress: BENU PopUp Shop, vis-à-vis vun 11, Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette
Wousst Du, dass "gespent" Gezei an Textilien dozou bäidroen, dass am Ghana dee gréisste Secondhand-Kleedermarché vun der Welt entsteet? An dass e Groussdeel dovun iergendwann op de Stränn vum Ghana ugeschwemmt gëtt, an domat d’Land an d’Mier verknascht? Tatsächlech landen zu Kantamanto all Joer iwwer 40.000 Tonne Gezei - wat gréisstendeels iergendwann a Länner vum globalen Norde (z.B. Lëtzebuerg) kaf a „gespent“ gouf ... Wéi ass esou eppes iwwerhaapt méiglech? Tausch Dech mat eis op engem Dënschdegowend iwwer d’Realitéit vum Kleederspenden, iwwer dat „gutt Gewëssen“ an doriwwer aus, wat s Du haut maache kanns, fir endlech eppes ze veränneren!
Speziell Gäscht: THE REVIVAL (visioconference), ee staarke Partner am Ghana
Wat Dech erwaart…
E kuerze Film iwwer d’Textilsituatioun a Ghana. Eng Austauschsessioun mat THE REVIVAL. Eng Austauschsessioun iwwert d’Textilsituatioun zu Lëtzebuerg, geleet vu BENU. Leckert Gedrénks an Zopp, fir Dech waarm ze haalen.
FANN DE STANDUERT VUM POPUP-SHOP OP DER KAART HEI ENNEN!
