Neiegkeete vu BENU
Wéi d'Spréchwuert seet: Neit Joer, neien Ufank…!
06/01/2023
D'Zäit ass komm, fir sech vun eisem beléifte BENU PROVISORIUM ze trennen - den éischte BENU Pilotprojet, bei deem gebrauchte Baumaterialien nach eng Kéier verschafft goufen. Den alleréischten ZeroWaste-Gebai an der Groussregioun.
Dat meescht vu senger schéiner Fassad ass fort, seng Elementer gi propper ewechgeholl a säin Interieur gëtt am Moment virsiichteg ofgebaut. Mir soe jidderengem e ganz häerzleche Merci, deen eis gehollef huet eis léif Fassad ze retten: Merci un de CIGL Esch, Merci un SINGA Luxembourg, Merci un de Benevole vun der BGL BNP Paribas a nach ee Merci un all déi Fräiwëlleger, déi eleng oder begleet komm sinn an dee ganze Plënner Prozess mat ënnerstëtzt hunn.

Bei BENU gëtt schonn nees geplënnert!
de BENU Shop verléisst de PROVISORIUM fir op eng nei, provisoresch Plaz ze kommen!
Bleif dobäi an entdeck muer seng fuschnei Lokalisatioun!
