Neiegkeete vu BENU
De BENU Shop ass zeréck!
11/01/2023
MIR SINN OP!
No enger kuerzer Wanterpaus si mir nees toppfit fir d'Diere vun eisem fuschneien, provisoresche BENU Shop op ze maachen. Bis den eigentlechen, definitive Shop fäerdeg a prett ass, wäert dës Plaz an der Tëschenzäit d'Doheem vun eise wonnerschéinen UpCycling-Kreatioune sinn!
Och wa mir nach keng eegen Hausnummer hunn, si mir eis sécher dass Du eis ouni Problemer direkt vis-à-vis vun dëser Adress fanne wäerts:
11 Bd Prince Henri, L-4280 Esch-sur-Alzette.
Entdeck eis nei Entrée an den neie BENU Shop op der Kaart hei ënnendrënner 👇
