Neiegkeete vu BENU
THE REVIVAL an d’Konscht, "Offall" en neie Wäert ze ginn…
28/11/2022
Wousst Du, dass all Joer iwwer 40.000 Tonne Kleeder, meeschtens aus Länner vum globalen Norden, zu Kantamanto landen?
Mir waren nämlech extrem enttäuscht, nodeems mir déi absurd Zuelen vun eisen zwee Gäscht héieren hunn, déi invitéiert goufen vun eise léiwe Frënn vu Caritas Luxembourg am Kader vun der Rethink Your Clothes Campagne.
THE REVIVAL ass eng Asbl am Ghana, déi probéiert, d'Moudeindustrie duerch d’Ausbildung, d’Sensibiliséierung an dem UpCycling vu globalem Textiloffall am Ghana ze transforméieren. Déi zwee Frënn Yayra a Kwamena hunn hire Projet am Joer 2015 ugefaangen an hunn elo schonn 8 aktiv Memberen an hirer Ekipp. Fir nei Kleedungsstécker ze kreéieren sammelen si rejetéiert Occasiounskleeder, beschäftegen lokal Handwierker a kollaboréieren mat Moudestudenten vu lokalen Universitéiten a Memberen vum Public.
Wärend also déi sougenannten „Industrienatiounen“ iwwerkonsuméieren, musse Länner vum globale Süden d'Konsequenzen vun eisem Verhalen droen. Zu Kantamanto gi se mat Tonnen vun ongewolltem Fast-Fashion Gezei iwwerschwemmt, a kreéieren domat dee gréissten Occasiounsmaart op der Welt...
Mir mussen dëse Wansinn stoppen! ✋🏼
