Neiegkeete vu BENU
Wéi nohalteg ass äre Kleederkonsum?
28/11/2022
E grousse Merci un radio 100,7 fir dëse flotte Reportage an den Interessi u BENU a BENU COUTURE!
Merci Paule Rodesch fir de Besuch - besonnesch fir déi Zäit, déi an den Detail vun dësem Reportage investéiert gouf. Merci och fir hirt Vertrauen a BENU COUTURE, fir aus hire Liblingskleeder néi Kreatiounen ze maachen.
Eis ass et wichteg, dass d’Leit hire Kleederkonsum iwwerdenken a sech d'Fro stellen, wéi nohalteg déi ganz Fashion Industrie dann elo wierklech ass. Et freet eis och immens, wann s Du bei eis laanscht kënns an eis Froe stells oder Deng Iwwerleeungen an Erfarunge mat eis deels.
Lët’z Refashion an der Stad Lëtzebuerg ass z.B ee vun eise Liblings-Butteker, well een do net nëmmen nohalteg Kleeder kafe kann, mee och vill Informatiounen iwwer d’Fashion Industrie kréien a mat hinnen driwwer schwätze kann. (Do fënns Du och BENU COUTURE Kreatiounen)
