Neiegkeete vu BENU
BENU COUTURE fir Revamp Your Clothes!
01/12/2022
Revamp Your Clothes!
Den 19. November hat BENU d’Geleeënheet, fir mat e puer BENU COUTURE Outfits um „Revamp Your Clothes“-Event an der Cloche d'Or Experience deelzehuelen. Zil vun dësem Evenement, wat vu Rethink Your Clothes organiséiert gouf, war d’Fërderung vum UpCycling zu Lëtzebuerg, esou ewéi d’Presentatioun vun de lokalen, etheschen an nohaltegen Designer:innen/UpCycler:innen.
Et war fir eis eng fantastesch Geleeënheet, eis Kreatiounen an zwou Showen am Häerz vum Akafszentrum virféieren an engem grousse Public weisen ze kennen, dass UpCycling-Moud den nächste Schratt an eng méi gréng Zukunft duerstellt. Virun allem hate mir och d’Méiglechkeet, mat engem ganz intresséierten a motivéierte Public an d’Gespréich ze kommen, an eis iwwer d’Konzept vum UpCycling, iwwer BENU an eis Erfarungen auszetauschen.
Villmools Merci un all d'Designer:innen déi dobäi waren, et war eng Freed deen Dag mat Iech ze verbréngen. Hermana Clothes, Daniel Tarazona, J'fais c'que j'veux by Billi, Saikna, Paulina Plizga, & Lët’z Refashion.
E grousse Merci un d'Models déi eis Kreatiounen an Zeen gesat hunn.
E grousse Merci un d'Fotografen: Charly Eck Delta & Laura Londono
An e Merci un d'Organisateuren: Rethink Your Clothes & Lët'z Refashion.