Neiegkeete vu BENU
E GROUSSE MERCI UN IECH ALL!
04/10/2022
BENU COUTURE huet bei der Lux Fashion Week 2022 matgemaach a wat eng Show! Mir hunn ëmmer nach Stären an den Aen, wa mir dorun denken...Dat ganzt wier awer net méiglech gewiescht ouni déi wäertvoll Hëllef vun esou vill formidabele Leit.
Mir soe Merci:
Den Organisateuren vun der Lux Fashion Week: Alexandra Merlo, Camille Bohl, Frédéric Lamand, Fréderique Gillot, Jérôme Poncelet, Justine Mullens, Marianne Stevart an Théo Auquière. Eise Modeller an Dänzer, déi eng fantastesch Aarbecht gemaach hunn: Birnette Charpentier, Édouard Armand, Jeanne Baryga, Jeanne Lankhorst, Léa Prijot, Jennifer Miu, Laurent Locmo, Melyssa Waeytens, Nina Prijot, Romana Panican, Simon Clausse a Susy Mazz Den Danzschoulen, déi eis ganz spontan gehollef hunn: Walking Dance an Chi'llicious dance studio. Dem Thomas Frank, fir déi mega Musekskreatioun. Dem Adriana Caramelo, fir dee schéine Make-up a Frisuren. Dem Marie-Laure Marbehant an Irini Ansiaux, fir hir wonnerbar Hëllef. L'Avenir Luxembourg TV Lux an Infogreen.lu De Presentateuren: Alain Tholl vu L'enclos, Jordan Meyer an Thomas de Bergeyck. Der Plaz a hier wonnerbar Equipe: Hall pollyvalent Arlon a Palais d'Arlon Der Province du Luxembourg an der Stad Arel. An all deene Leit, déi am Schied schaffen, d'Beliichtungsleit, Tounleit, d'Security an all d'Bénévole.
An natierlech och eisem eegene BENU COUTURE Team, dat wochelaang geschafft huet, fir déi beschtméiglech Show op d'Been ze stellen. Merci Fiona, Hazem, Laurent, Loubna, Natalie a Rosanna. Awer och aner BENU Teammemberen, wéi de Marc an de Renaud fir hir Hëllef beim Transport an eis Fotografin Laura Londoño. Mir hätten eis keng besser Ekipp kënne wënschen.