Neiegkeete vu BENU
Virun engem Mount, huet den Iwwerkonsum-Monster säin éischten Optrëtt bei BENU gemaach!
30/11/2022
Den Iwwerkonsum-Monster!
Et ass komm, fir eis ze warnen an eis Angscht ze maachen - a fir eis schrecklech Zuelen a Fakten iwwer den onverantwortleche Konsum zu Lëtzebuerg matzedeelen… Wousst Du, dass Lëtzebuerger:innen am Duerchschnëtt 1.390€ fir Schong a Kleeder ausginn? An dass mir domat dat Europäescht Land duerstellen, wat am meeschten Suen dofir ausgëtt? Esou e klengt Land - an awer brénge mir et fäerdeg, esou en trauregen Rekord opzestellen. Dëst ass déi traureg Wourecht …
Kleeder a Schong, déi Plastik enthalen, hannerloosse Spueren an eiser Ëmwelt, déi ni méi fort ginn (zum Beispill doduerch, dass mir eis Kleeder wäschen). Meeschtens huelen dës Spueren d’Form vum Mikroplastik un, dee ee mam bloussen Aen net ka gesinn… Zimmlech grujeleg, oder?
Eng Etüd vun der International Union of Conservation of Nature huet gewisen, dass 35% vum ganze Mikroplastik, deen an eise Mieren schwëmmt, vu syntheteschen Textilfaseren kennt. Tatsächlech sinn an eisem Gezei vill schiedlech Substanzen dran, déi eis Ëmwelt belaaschten. Am Joer 2016 huet d’EU fir d’éischte Kéier Gezei als eng „geféierlech“ Kategorie vu Produiten bezeechent - et ass och nach esou, dass Gezei méi schiedlech Substanzen enthält, ewéi motoriséiert Gefierer (Gezei besteet aus bis zu 17% aus dëse Substanzen, wärend Gefierer mat bis zu 10% vill manner schiedlech Elementer enthalen!). Stell Dir vir, Du dréis esou eppes ALL DAG op Denger Haut. (Stell Dir vir, dass lauter kleng Insekten déi ganzen Zäit op Denger Haut ronderëmkrabbelen - Du kanns se weder gesinn, nach eppes géint se ënnerhuelen oder se lassginn. Dorun musse mir denken, wa mir doriwwer schwätzen, dass mir dauernd Mikroplastik op der Haut hunn). Scho wa mir nëmmen drun denken, leeft et eis äiskaal iwwert de Réck…
Eis Waasserreserve gi vun 6.500 gëftegen, kriibserregenden Chemikalien vergëft, déi an der Kleederproduktioun verschafft ginn (Schwéiermetaller wéi Koffer, Arsen a Kadmium si just e puer Beispiller). Dat heescht, dass mir dës gëfteg Partikelen net just op eiser Haut hunn - mir IESSEN se och, an dat all Kéiers wa mir zum Beispill Fësch iessen! Looss eis also nach emol iwwer d’Insekten schwätzen: stell Dir vir, se krabbelen net just op Denger Haut ronderëm, mee och an Dengem Mo an an Dengen aneren Organer, Ouni dass Du eppes dergéint ënnerhuele kanns… E ganz fierchterleche Gedanken!
Mat enger anerer, grujeleger Tatsaach hunn eis Frënn vun THE REVIVAL eis konfrontéiert: D’Kleedung déi mir an de Container geheien an der Hoffnung, dass se bei deenen ukënnt, déi se brauchen, gëtt a Wierklechkeet iergendwann an engem Land vum globale Süden op d’Plage gespullt. E groussen Deel vun dësem Gezei lant zu Katamanto, am Ghana. Wichteg ass, ze verstoen, dass Katamanto ni selwer entscheed huet, de gréissten Secondhand-Marché vun der Welt ze ginn. D’Situatioun zu Katamanto ass eenzeg an eleng zeréckzeféieren op Décisiounen, déi d’Mënschen am globalen Norden Dag fir Dag huelen. THE REVIVAL huet eis gewisen, wéi dëse Marché ausgesäit: alles ass komplett iwwerschwemmt vum Gezei. D’Plagen, déi iergendwann eng Kéier wuel idyllesch a schéin waren, si ganz zougeschott vu richtege Kleeder-Bierger. Wanns Du Dir ee risege Koup Gezei virstells, dann ass dat Bild, wat s Du an Dengem Kapp hues, nach wäit ewech vun der batterer Wourecht, déi mir op dëse Biller gesinn hunn. Mir si richteg ugëekelt dovun.
Elo frees Du Dech sécher, firwat mir dann elo e Monster gebastelt hunn.
Wëlle mir domat vläicht en Deel vun der Halloween-Kultur an der irresponsabel Consommatioun sinn? Bestëmmt net. Eist Zil ass et, Dir op eng „witzeg“ Manéier e puer wichteg Informatiounen mat op de Wee ze ginn…
Eist Monster gouf vun eiser Ekipp entworf mat dem Zil, eng wichteg Noriicht ze vermëttelen. Et gouf aus Gezei gemaach, wat an eiser Gesellschaft als „onwürdeg“ oder als „Knascht“ bezeechent ginn ass (Entschëllegt, watgelift? Gezei, wat „onwürdeg“ oder „Knascht“ soll sinn?).
D’Monster représentéiert déi 3 Pilieren vun der onverantwortlecher Consommatioun:
1. D’Textilindustrie: d’Haaptstruktur vum Monster représentéiert d’Kleederindustrie an d’Problemer, déi se mat sech bréngt. Si schiedegt eis Ëmwelt - den Ubau vun de Rohstoffer, déi an der Textilindustrie gebraucht ginn, vergëft de Buedem. Well genau esou ass et: de Buedem vun de Kottengsplantagen ass och mat Chemikalien belaascht…
2. D’Clienten: déi irresponsabel Consommatioun léisst eist Monster wuessen. Et ass en einfachen, mee ëmsou méi grujelegen Prinzip. Andeems mir zevill consomméieren, fiddere mir d’Monster ëmmer an ëmmer nees, esou dass et méi staark, méi grouss an och méi geféierlech gëtt … D’Clienten représentéieren d’Äerm an d’Been - well ouni déi géif d’Monster net wäit kommen, an och net iwwerliewen. De Message ass kloer an däitlech: Ouni irresponsabel Clienten iwwerlieft d’Monster net. Loosst eis also zesummen eist Kafverhalen nohalteg veränneren, fir dass eis Ëmwelt sech erhuele kann a fir dass d’Monster ophält, ëmmer weider ze wuessen!
Loosst eis endlech d’Held:inne ginn, déi mir als Kanner ëmmer wollte ginn!
3. D’Ëmwelt: d’Textilindustrie an d’Clienten wäerten ëmmer eng staark Verbindung mat der Natur hunn. Paradoxerweis si mir Mënschen awer och déi, déi d’Natur zerstéieren…
War et dat also?
Gi mir einfach op, an akzeptéieren d’Konsequenzen vun eisem Verhalen? Si mir eis iwwerhapt bewosst, wat mir maachen? Well déi nächst Generatiounen wäerten nach méi ënnert dëse Konsequenzen ze leiden hunn, wéi mir de Moment. Loosse mir eise Planéit also ënnert der Laascht vun eisem aale Gezei erstécken? NEE!
BENU huet fir Dech e puer nëtzlech Tipps zesummegesicht, déi Dir hëllefe sollen, Däi Verhalen ze veränneren a méi responsabel anzekafen:
Fir d’éischt solls Du Dir d’Fro stellen, ob den Objet, deen s du kafe wëlls, wierklech wichteg ass. „Wëll“ ech deen Objet just, oder „brauch“ ech en? Wäert ech e wierklech och gebrauchen/undoen? Wäert ech en no 30 Deeg ëmmer nach wëllen hunn? Hannerfro all klengen Akaf, well all Kleedungsstéck, och wann et en Nohaltegkeets-Label huet, verbraucht enorm Quantitéiten u Waasser, an dréit zur Ëmweltverschmotzung an der sozialer Diskriminéierung bäi. Et lant egalwéi op iergendenger Plage am globale Süden, an de Problem verschwënnt net. Déi gutt Noriicht: manner Kleedung heescht och manner Wäschmëttel! En Tipp vum BENU: setz den Objet op eng 30-Deeg-Lëscht. Wann s Du no 30 Deeg net méi un den Objet denks, da „brauchs“ Du en och net!
Fléck Däi Gezei a gebrauch et weider! Kleeder aus gudder Qualitéit kenne gefléckt an nach eng ganz laang Zäit ugedo ginn. Du hues e Lach an Dengem Pullover, oder e Rass an Denger Jeans? Da gehei se net fort! Probéier, se selwer ze flécken. Wann s Du Dech dat net traus, kanns Du se gären bei d’Schneider:innen droen!
Organiséier Tauschpartyen! D’Tauschen oder d’Verschenken vu Gezei ass gutt fir d’Ëmwelt an de Portmonni. Wat mécht méi Spaass, wéi sech mat Frënn a Famill ze treffen a Gezei, aner Objeten oder Iessen mateneen ze tauschen? Musse mir dozou nach méi soen? Tauschpartyen sinn en neien Trend - se hëllefen Dir, Deng „al“ Saachen lasszeginn.
Wéi wier et, wann s Du Däi Gezei verléinen oder léinen géifs? Esou kanns Du an Dengem Kleederschaf fir Ofwiesslung suergen. E speziellt Evenement steet un? Plattformen, déi Gezei an Accessoiren ze verléinen, bidden oft ongewéinlech an extravagant Saachen un - vläicht och genau dat, wat s Du sichs? Beispiller hei drënner:
Kaf Secondhand! Andeems du Secondhand keefs, dréis du dozou bäi, dass manner produzéiert gëtt. Dat ass natierlech gutt fir eis Ëmwelt an eis Ressourcen. An anere Wierder: d’Kafe vu Secondhand-Wuer bedeit och manner Verpakungen, an domat och manner Offall. Et ass esouguer méi bëlleg, ewéi Neies ze kafen! Beispiller hei drënner:
Fänk un, Däi Gezei upzecyclen. Gëff Denge Kleeder en neit Liewen! Et gëtt enorm vill DIY-Videoen um Internet, déi Dir weisen, wéi s Du eppes Neies aus eppes Alem maache kanns.
Kaf UpCycling-Gezei! Upcycling ass kreativ, individuell an nohalteg. Wann s Du Dech net traus, dat selwer ze maachen, da kanns du se a speziell UpCycling-Butteker bréngen. Kuck dir emol un, wat fir eng Servicer se ubidden. Verschidde Butteker maachen aus Dengen ale Kleeder personnaliséiert Kleedungsstécker oder Accessoiren. (BENU COUTURE bitt dat zum Beispill un). Fann nach aner UpCyclers bei Lët'z Refashion:
Zu gudder Lescht: Haal op, Fast Fashion Kleeder ze kafen! Trends kommen a ginn nees - mee d’Gezei bleift! Et wäert säi Wee op iergendeen Tipp oder eng Plage fannen. An dat just nëmmen, well mir mengen, mir missten ëmmer mat all Trend matgoen. Mir mussen dësen Drock endlech lassginn, dee vun eis verlaangt, eis ëmmer dem leschten Trend entspriechend unzedoen.
Wa mir éierlech sinn, da kennen och déi bescht Iddien keen Ënnerscheed bewierken, wa mir net och eist Verhalen änneren. Et ass un der Zäit, dass mir ophalen ze mengen, dass mir mat all Trend musse matgoen, fir glécklech a gutt gekleed ze sinn. Et ass un der Zäit, endlech ze verstoen, dass Secondhand-Gezei, genau ewéi geléint oder verléint Kleedungsstécker, net mannerwäerteg oder „knaschteg“ sinn. Eis Gesellschaft muss ophalen, eis virzeschreiwen, wéieng Kleeder mir wéi undoen, a vu wéienger Mark se solle sinn… Mir mussen ELO eppes maachen, an zwar zesummen…
HAL OP, D’MONSTER ZE FIDDEREN A FÄNK UN, EPPES ZE VERÄNNEREN!
