Matmaache mécht Spaass!
Och Du kanns bei BENU matmaachen!
Mir freeën eis iwwer Däin Intressi u BENU an doriwwer, dass Du bei eis matmaache wëlls! Et gëtt vill Méiglechkeeten, wéi s Du en Deel vu BENU kanns ginn. Du kanns z.B …
Als Benevole hëllefen
Ob bei der Gestaltung vum Ekoduerf BENU VILLAGE oder bei der Ënnerstëtzung vum BENU Team bei den Evenementer oder aneren Aktivitéiten: mir froe reegelméisseg no Hëllef, andeems mir en Opruff op Facebook, Instagram, oder an der BENU Newsletter. BENU offréiert Jonken och d’Méiglechkeet, am Kontext vum Fräiwëllegendéngscht (Service volontaire) verschidde praktesch Erfarungen am soziale Beräich ze maachen.
Wann s Du bei BENU als Benevole matmaache wëlls, da mell Dech bei eis!
En Deel vu BENU VILLAGE ginn
Dat neit Ekoduerf BENU VILLAGE zu Esch-Uelzecht ass eng Plaz, wou ganz ënnerschiddlech Aktivitéiten, déi all am Aklang mat ekologeschen a soziale Wäerter sinn, stattfannen. BENU lieft vun der Gemeinschaft, dem Austausch an der Kooperatioun.
Och Du kanns Dech mat Denger eegener Initiativ, Denger Firma oder Denger Iddi am BENU VILLAGE installéieren!
Du bass intresséiert? Da kontaktéier eis!
Aktiv matmaachen
BENU organiséiert Workshops an Aktivitéiten zu ënnerschiddlechen Themen. Mir bidden Intresséierten doriwwer eraus d’Méiglechkeet, u participative Projeten - ewéi dem BENU METAMORPHOSE - deel ze huelen. Zil vun dësem Projet ass et, d’Ekoduerf BENU VILLAGE a senge Baussen- a Banneberäicher kënschtleresch ze gestalten. Och Du kanns matmaachen! Mell Dech bei eis!
Aktuell Datumer an Aktivitéite fënns Du och op Facebook, Instagram, oder am BENU Newsletter.. Mir freeën eis op Dech!
Informatiounen an Iddien abréngen
Du hues ëmfangräicht Wëssen am Beräich Nohaltegkeet, den Zougang zu den entspriechenden Etüden a wëlls Dech un der Diskussioun an der Gestaltung vun de BENU Iddie bedeelegen? Da maach roueg mat a bréng Deng Erfarung mat an! Mell Dech bei eis!
Wann s Du BENU mat Informatiounen zu den Themen „nohaltegt Gezei“ oder „weidere Gebrauch“ weiderhëllefe kanns, gewënns Du vläicht esouguer e BENU Brain Badge! Méi Informatiounen dozou fënns Du op benureuse.lu a benucouture.lu.
Partner:in ginn
Du bass ewéi mir am Beräich vum UpCycling aktiv a produzéiers z.B Gezei, Textilien oder Miwwelen, ouni Neies ze gebrauchen? Du deels d’Wäerter an d’Iwwerzeegunge vu BENU? Deng Produite gi regional - d.h an engem Ëmkrees vun 300km vun Esch-Uelzecht - produzéiert?
Wann s Du exklusiv am ReUse, an der Transformatioun an am UpCycling produzéiers, da bass Du bei eis genau richteg. BENU hëlleft Dir beim Verkaf! Mir bidden Dir un, Deng Produiten an eisem Online-Shop oder dem Shop am BENU VILLAGE ze verkafen, oder se zesumme mat eis op eisen Evenementer auszestellen.
Du hues Interessi? Mir freeën eis op Deng Noriicht!
Saachen nach eng Kéier gebrauchen a weiderginn
Du bass eng Privatpersoun oder Entrepreneur/Entrepreneuse an hues intakt Second-Hand Objeten a Materialien, déi s Du net méi gebrauche kanns? Da bitt d’Saachen op BENU REUSE un a gëff se un Intresséierter weider. Net just dat: Du kanns bei BENU REUSE och gebraucht Objete fir Däin eegene Gebrauch fannen a bestellen.
All wichteg Informatiounen iwwer d’Vermëttlungsplattform BENU REUSE kriss Du hei.
Fir eis BENU COUTURE UpCycling-Kreatioune gi gebrauchte Kleeder a Stoffer verschafft, déi mir vu Privatpersoune kritt hunn. Wann s Du gebrauchte Kleeder oder Textilien u BENU COUTURE spende wëlls, da kontaktéier wannechgelift eng vun eise BENU Sammelplazen.