Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village Esch/Alzette sàrl-SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Wanter 2022/23 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

Alles, wat s Du wësse muss

Eng Plaz, déi Mënsche beweegt - firwat BENU?

Op der Sich no “korrekten”, “gerechten”, “proppere” Produiten a Leeschtungen dauche vill Froen op. Intransparenz, egal wouhin een och kuckt. Wat bréngt eigentlech e Label? Wéi sinn d’Aarbechtsbedéngunge bei der Hierstellung vu Produiten a Liewensmëttel? Wéi eng Alternativen zur Entsuergung vun engem Produit sti mir eigentlech zur Verfügung? Ass et iwwerhaapt méiglech, eppes ze produzéieren, ouni Ressourcen ze verbrauchen?

Dës an änlech Froe beschäftegen eis zanter ville Joren.

Kritiséieren an diskutéieren ass gutt; aktiv ginn an Äntwerte fannen ass besser…

Aus dëser Erkenntnis eraus ass am Joer 2015 d’Iddi vu BENU VILLAGE entstanen: dem éischten Ekoduerf zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun! Hei fënns du Äntwerten a virun allem Alternativen.

BENU VILLAGE ass eng Plaz, wou vill ënnerschiddlech Aktivitéiten a Projeten um Programm stinn, déi all am Aklang mat ekologeschen a soziale Wäerter stinn.

Hei gëss Du méi iwwer BENU VILLAGE gewuer!

Wat ass d’Roll vun der BENU Village Esch asbl?

D’BENU Village Esch asbl ass eng Organisatioun ouni lukrativen Zweck. Si begleet BENU bei der Konzeptioun, der Realiséierung an der Kommunikatioun vum Ekoduerf BENU VILLAGE an der Stad Esch-Uelzecht.

D’Ëmsetzung vu BENU VILLAGE gëtt duerch déi generéis Ënnerstëtzung vun der Stad Esch-Uelzecht erméiglecht. Weideren, wäertvolle Support kréie mir vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable, dem Ministère de l’Économie et du Commerce, der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an der Fondation André Losch.

D’BENU Village Esch asbl ënnerstëtzt a begleet net just den Opbau vum BENU VILLAGE - se sicht och no neie Weeër. BENU Village Esch asbl initiéiert a begleet Pilotprojeten an nohalteg Aktivitéiten. All BENU Aktivitéit oder Projet baséiert op dëse Wäerter:

  • Transparenz
  • sozial Verantwortung
  • lokal Produktioun
  • ekologesch Exzellenz

Wouhier kënnt eigentlech den Numm „BENU“?

„BENU“ gëtt ausgeschwat ewéi den engleschen Ausdrock ‘Be New!’ a bedeit ‘Sief nei!’. De BENU Villchen, deen op eisem Logo ze gesinn ass, entspréngt der ägyptescher Mythologie a gouf - meeschtens an der Gestalt vun engem Reier - schonn an den ägyptesche Pyramiden duergestallt. En ass souzesoen de Virgänger vum griichesche Phönix, dësem wonnerschéinen, roude Villchen, deen zum Schluss vu sengem Liewenszyklus verbrennt, fir aus sengen Äschen ëmmer nees nei z'entstoen.

D’Bild vum Phönix symboliséiert d’Iddi vu BENU!

BENU huet sech enger konsequenter, sozio-ekologescher Kreeslafwirtschaft verschriwwen. Recyclage, UpCycling, „aus al maach nei“ …. Ëmmer nees siche mir no Méiglechkeeten, eppes weider ze gebrauchen a manner nei Ressourcen ze verbrauchen.

Bleif och Du gespaant a looss Dech begeeschtere vun der Innovatiounskraaft vun eisem UpCycling-Duerf, dat sech progressiv als professionell (Konscht-) Bün vu villen ënnerschiddlechen Aktivitéiten entwéckelt. Hei fënns Du lokaalt an innovatiivt Iessen, sozialverantwortlecht Gezei, wat direkt op der Plaz entworf, produzéiert a verkaf gëtt, a nach villes, villes méi!

Bleif mat BENU iwwer Facebook an Instagram, a Kontakt, oder mell Dech fir d' Newsletter. un, déi mir reegelméisseg verschécken, fir iwwer aktuell Aktivitéiten a Projete vu BENU z'informéieren.