Allgemeng Gebrauchsbedéngungen
Follgend, am Internet zougänglech Internetsäiten, gi vu BENU Village Esch asbl, mat Sëtz op der Adress 50, rue des Celtes, L-1318 Lëtzebuerg, bedriwwen:
Déi follgend allgemeng Bestëmmunge gëlle fir all déi genannten Internetsäiten identesch. Ergänzt ginn dës allgemeng Bestëmmungen duerch speziell Bestëmmunge fir déi eenzel Sparten, déi hir Servicer op de jeeweilegen Internetsäiten ubidden.
BENU Village Esch asbl bedreift eng weider Internetsäit www.benureuse.lu. Dës Internetsäit verfüügt iwwer seng eegen allgemeng Gebrauchsbedéngungen. Dës kënnen op www.benureuse.lu. consultéiert ginn.
1 Allgemeng Bestëmmungen
1.1 Objet an Uwendungsberäich
Déi virleiend Gebrauchsbedéngungen definéieren d'Konditiounen a Modalitéiten, no deenen d'Benotzer:innen d'Servicer vun den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl an Usproch huele kënnen.
Bei Froen zum Schutz vu perséinlechen Donnéeën an zur Verwendung vu Cookies op den Internetsäite biet BENU Village Esch asbl Dech, déi op den Internetsäite verfügbar Informatiounen zum Dateschutz ze konsultéieren.
Fir d'Servicer vun den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl benotzen ze kënnen, muss de/d'Benotzer:in de virleiende Gebrauchsbedéngungen ouni Aschränkung oder Virbehalt zoustëmmen. Dës Zoustëmmung erfollegt duerch e Bestätegungsklick bei der Umeldung op der jeeweileger Internetsäit.
BENU Village Esch asbl behält sech d'Méiglechkeet aus, déi virleiend Gebrauchsbedéngungen ze änneren. Ännerungen triede fir Online-Transaktiounen oder Online-Servicer a Kraaft, esoubal ewéi se dem/der Client:e matgedeelt an op de jeeweilegen Internetsäite verëffentlecht ginn. Se gëllen net fir Transaktiounen, déi zum Zäitpunkt vun hirem Akraafttrieden, nach net ofgeschloss sinn.
De Besëtzer:inne vun engem BENU Kont ginn d'Ännerunge vun de virleiende Gebrauchsbedéngunge per E-Mail matgedeelt. Ausserdeem ginn déi lescht Ännerunge mam Datum am Kont ënner "Gebrauchsbedéngungen" matgedeelt, wou se duerch Klicken op de Button "Akzeptéieren", akzeptéiert kënne ginn. D'Cliente/eë gi bei hirer nächster Transaktioun (no den Ännerunge vun de Gebrauchsbedéngungen) opgefuerdert, déi aktualiséiert Versioun z'akzeptéieren, falls se an hirem Kont nach net akzeptéiert goufen.
1.2 Definitiounen
Esouwäit ewéi näischt aneschtes vermierkt gëtt, hu follgend Begrëffer a Bezeechnungen déi hei ënne genannte Bedeitung, ob hiren Ufanksbuschtaf grouss oder kleng geschriwwen ass oder ob se an der Einzal oder Meerzal an de virleiende Gebrauchsbedéngungen oder an all anert Dokument gebraucht ginn.
-
Client:e: natierlech oder juristesch Persoun, déi sech identifizéiert a sech op enger vun den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl ugemellt huet, fir en Artikel ze kafen an d'Servicer vun der Internetsäit an Usproch ze huelen. Wann et sech ëm eng natierlech Persoun handelt, muss de/d'Client:e 18 Joer al sinn an am juristesche Sënn fir geschäftsfäeg erkläert sinn. Wann hien/hat manner ewéi 18 Joer al ass, muss de/d'Client:e fir mündeg erklaërt ginn.
-
BENU Kont: Kont, deen op enger vun den uewe genannten Internetsäite vu BENU Village Esch asbl ugeluecht ka ginn. Mat dësem eenzege Kont kënnen d'Clienten/eën hir Aktivitéiten op den ënnerschiddlechen Internetsäite vu BENU Village Esch asbl verwalten.
-
Artikel: bezeechent e materiellen Objet, deen op enger vun den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl ugebueden a verkaf oder verlount gëtt.
-
Liwwerkäschten: Käschten, déi d’Fraisen fir d'Liwwerung vun der bestallter Wuer decken.
1.3 Uwendungsberäich
Clienten/eën kënne sech, onofhängeg vum Wunnberäich, op enger vun den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl umellen an e BENU Kont uleeën.
D'Liwwerung vu bestallten Artikelen gëtt systematesch a follgende Länner vollbruecht: Lëtzebuerg, Belsch, Holland, Däitschland, Frankräich, Éisträich, Schwäiz, Tschechesch Republik, Dänemark, Finnland, Italien, Portugal, Slowenien, Slowakei, Spuenien, Griicheland, Ungarn, Irland, Island, Litauen, Norwegen a Vereenegt Kinnekräich.
Op Ufro bei BENU Village Esch asbl kann, falls méiglech, och an anere Länner geliwwert ginn.
1.4 BENU Kont
Mam Registréieren op enger vun de BENU Village Esch asbl Internetsäiten, gëtt fir de/d'Client:e e BENU Kont opgemaach. Mat dësem eenzege Kont kënnen d'Aktivitéiten op den ënnerschiddlechen Internetsäite vu BENU Village Esch asbl verwalt ginn. D'Opmaache vun engem BENU Kont ass gratis a setzt viraus, dass follgend Bedéngungen an hirer Gesamtheet erfëllt sinn:
-
De/D'Client:e gëtt en Umeldungsnumm, e Virnumm, en Numm, eng Telefonsnummer an eng E-Mail-Adress un. De/D'Client:e confirméiert, 18 Joer al a juristesch geschäftsfäeg ze sinn.
-
De/D'Client:e verflicht sech, BENU Village Esch asbl aktuell, vollstänneg a korrekt Informatioune matzedeelen an déi z'aktualiséiere falls néideg. BENU VIllage Esch asbl muss deemno iwwer all Ännerung vun den Donnéeën informéiert ginn. Falls dës net de Fall wier, iwwerhëlt de/d'Client:e d'Verantwortung fir d'Konsequenzen.
Mam Opmaache vun engem BENU Kont bestätegt de/d'Client:e, d'Gesamtheet vun den uewe genannte Konditiounen z'erfëllen, woubäi de Prestataire sech d'Recht virbehält, all néidege schrëftleche Beweis vum/vun der Client:e ze verlaangen, deen Opschloss iwwer seng aktuell Situatioun ka ginn. Mam Unhuele vun de Modalitéiten zur Online-Aschreiwung, ginn déi virleiend Vertragsbedéngungen ausnamslos vum/vun der Benotzer:in unerkannt. Nodeems d'Formalitéiten zur Umeldung ofgeschloss sinn, gëtt e Kont fir den/déi ugemellt:e Benotzer:in ugeluecht, deen/dat ewell eng E-Mail-Adress an e PIN-Code definéiert huet. De/D'Benotzer:in huet, nom Androe vun der E-Mail-Adress an dem PIN-Code, Zougrëff op dee Kont. De PIN-Code ass strikt perséinlech a vertraulech. De/D'Benotzer:in verflicht sech, dësen net un eng drëtt Persoun weiderzeginn.
De/D'Client:e ass eleng verantwortlech an huet eleng d'Konsequenzen ze droen, wann een oder méi Kontrakt(er) duerch eng Persoun ofgeschloss gëtt/ginn, déi seng/hir E-Mail-Adress a säi PIN-Code benotzt, och wann dës ouni säi/hirt Wësse geschitt. De/D'Client:e verflicht sech, all Verwendung vu senger/hirer E-Mail-Adresse an/oder vu sengem/hirem PIN-Code duerch eng drëtt Persoun matzedeelen, esoubal ewéi dës zu senger/hirer Kenntnis kënnt.
De/D'Client:e verflicht sech, keen anere Kont niewt deem ursprénglech fir sech ugeluechte Kont unzeleeën oder ze benotzen.
Mam Opmaache vun engem BENU Kont stëmmt de/d'Client:e den allgemenge Gebrauchsbedéngungen an den Dateschutzrichtlinne vu BENU Village Esch asbl zou.
1.5 Bestellung vun Artikelen
De Bestelloflaf besteet aus follgenden Etappen:
- 1. Wiele vum gewënschten Artikel duerch klicken op de Knäppchen "An den Akafskierfche leeën".
- 2. An den Akafskierfche goen duerch klicken op de Knäppchen "Bei den Akafskierfchen".
- 3. Iwwerpréiwe vun den Artikelen an den ausgewielte Kaddosoptiounen am Akafskierfchen. Duerch Klicken op d'Symbol "Poubelle" kann en Artikel aus dem Akafskierfchen erausgeholl ginn. D'Kaddosoptioune kënnen op Wonsch bäigesat oder suppriméiert ginn duerch einfacht Uklicken. D'Expeditiounskäschten déi am Akafskierfche matgedeelt ginn, entspriechen enger Estimatioun. Déi definitiv Expeditiounskäschte ginn am weidere Bestellprozess berechent.
- 4. Méiglechkeet en Akafsbong anzeléisen duerch Auswielen vun der Optioun "Ech benotze mäin Akafsbong". Nodeems d'Nummer vum Akasbong agedroen an duerch Klicken op de Knäppchen "Akafsbong aléisen" bestätegt ginn ass, gëtt den disponible Betrag um Akafsbong ugewisen an den iwweregbliwwene Kafspräis deen nach ze bezuelen ass, gëtt aktualiséiert an affichéiert.
- 5. Bestätegung vun den ausgewielten Artikelen an Optiounen duerch Klicken op de Knäppche "Bestellen".
- 6. Aloggen an de BENU Kont oder Matdeele vu perséinlechen Donnéeën (Numm, Virnumm, E-Mail-Adress an Telefonsnummer) am Fall vun enger Bestellung ouni BENU Kont.
- 7. Auswiel vun der Expeditiounsoptioun, entweder gratis Ofhuelen am BENU Shop oder käschteflichteg Expeditioun op eng Liwweradress. No Auswiel vun der Expeditiounsoptioun an Androe vun der Liwweradress, ginn déi definitiv Expeditiounskäschten ugewisen.
- 8. Auswiel oder Androe vun der Rechnungsadress.
- 9. Auswiel a Bestätegung vun der gewënschter Bezuelmethod (Kreditkaart, PayPal, Payconiq/Digicash, Bankiwwerweisung).
- 10. Bei Bezuelung mat PayPal oder Kreditkaart: Androe vu perséinlechen Donnéeën an irreversibel Bezuelung vun der Bestellung duerch Klicken op de Knäppche "Bezuelung bestätegen".
Duerch Uklicke vum Link "Mäin Akafskierfchen änneren" oder vum "Zeréck"-Knäppchen am Internetbrowser, kann de/d'Client:e zeréck a säin Akafskierfche goen. De Bestellprozess gëtt domat ënnerbrach.
En Artikel, deen am Akafskierfche geluecht gouf, ass fir 30 Minutte fir de/d'Benotzer:in reservéiert a gëtt als "verkaf" um Internetsite ugewisen. Wann de Bestellprozess no deem Zäitraum nach net ofgeschloss ass, gëtt den Artikel automatesch aus dem Akafskierfchen erausgeholl an ass um Internetsite nees verfügbar.
Déi perséinlech Donnéeën déi wärend dem Bestellprozess matgedeelt gi sinn, kënnen no Uklicke vum Knäppche "Bestätegen" (Payconiq/Digicash, Iwwerweisung) oder "Bezuelung bestätegen" (Kreditkaart, PayPal), net méi geännert oder verbessert ginn. Wann d'Bestellung erfollegräich iwwermëttelt gouf, kritt de/d'Client:e eng automatesch Bestätegungs-E-Mail. Dës Noriicht bestätegt, datt d'Bestellung bei BENU ukomm ass. E Kafvertrag tëschent BENU Village Esch asbl an dem/der Client:e gëtt eréischt dann ofgeschloss, wann d'Bezuelung ukomm ass.
1.6 Bestellung vun Artikelen aus anere Verkafsplazen
Artikelen, déi zum Zäitpunkt vun der Bestellung net am BENU Shop zu Esch/Uelzecht disponibel sinn mee op enger anerer Verkafsplaz (z.B. Pop-Up Store) ausgestallt sinn, ginn op deene jeeweilegen Internetsäite mat engem Villche-Symbol gekennzeechent.
Am Fall vun enger Online-Bestellung vun esou engem Artikel, kënne mir, aus logistesche Grënn net garantéieren, dass en nach verfügbar ass. Falls deen Artikel am Pop-Up Store scho verkaf ginn ass, gëtt de/d'Client:e schnellstméiglech vu BENU informéiert an déi réaliséiert Bezuelunge ginn zeréckbezuelt.
1.7 Präisser
An den Artikel-Präisser, ewéi se op den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl ugewise ginn, ass déi gesetzlech taxe sur la valeur ajoutée (TVA) vum Grand-Duché de Luxembourg mat abegraff. Expeditiouns- ,an eventuell Montagekäschten, sinn net an den Artikel-Präisser mat abegraff a kënnen dowéinst zousätzlech ufalen.
Aktuell berechent BENU 30€ fir eng Aarbechtsstonn, ausser en anere Wäert wier explizitt uginn. Esou ka jiddwereen, op Basis vum Präis deen uginn ass, d'Aarbechtszäit vun enger BENU Kreatioun bestëmmen.
D'Expeditiounskäschte riichte sech dem Land vun der Liwweradress an dem Gesamtgewiicht vun der Bestellung. D'Präisser fir déi eenzel Artikelen an d'Expeditiounskäschte kënnen op den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl consultéiert ginn.
1.8 Bezuelungsvirgang
D'Bezuelung ass iwwer Kredit-, Debit- oder Prepaidkaart, PayPal, Digicash/Payconiq an iwwer Bankiwwerweisung méiglech. Aner Bezuelmethode ginn net akzeptéiert. Des Weideren ass et net méiglech, e puer Bezuelmethoden ze combinéieren.
All d'Kreditkaarten déi aktuell vu Stripe (www.stripe.com) akzeptéiert ginn, kënne fir d'Bezuelung per Kreditkaart benotzt ginn.
Bei der Bezuelung per Digicash/Payconiq muss de/d'Client:e de gesamte Rechnungsbetrag innerhalb vu fënnef Deeg iwwer déi Telefonsnummer bezuelen, déi an der E-Mail mat der Bestellbestätegung matgedeelt gouf.
Eng Bezuelung per Bankiwwerweisung ass nëmmen da méiglech, wann de/d'Client:e am Viraus e BENU Kont opgemaach a sech ageloggt huet. Wann de/d'Client:e d'Bezuelung per Bankiwwerweisung gewielt huet, muss hien/si de gesamte Rechnungsbetrag innerhalb vu fënnef Deeg op de Bankkont vu BENU Village Esch asbl iwwerweisen, deen an der E-Mail mat der Bestellbestätegung matgedeelt gouf. Falls bei der Iwwerweisung Fraisen ustinn, sinn déi vum/vun der Client:e ze droen.
De/D'Client:e soll bei Iwwerweisungen a Bezuelungen d'Bezuelungsreferenz uginn, déi him/hir mat der Bestellbestätegung matgedeelt ginn ass. Anerefalls kann d'Bezuelung méiglecherweis kenger Bestellung zougeuerdent ginn. BENU Village Esch asbl verflicht sech net, Iwwerweisungen oder Bezuelungen zeréckzebezuelen, déi net zougeuerdent konnte ginn oder déi falsch ausgefouert goufen.
De/D'Client:e ass fir d'Finaliséierung vum Bezuelvirgang verantwortlech. Falls néideg, muss de/d'Client:e am Stand sinn ze beweisen, dass d'Bezuelung erfollegräich ausgefouert gouf. BENU Village Esch asbl kann net fir Feeler vun enger drëtter Persoun (z.B. Bank oder Online-Bezueldéngscht) verantwortlech gemaach ginn.
1.9 Akafsbongen
BENU Akafsbonge ginn et am Wäert vun 30 bis 180 Euro, jeeweils an Tranchë vun 30 Euro. Se sinn an digitaler Form oder handgemaach aus gebrauchte Stoffreschter verfügbar. Fir déi handgemaachten Akafsbonge berechent BENU Village Esch asbl 5€ fir d'Produktioun.
D'Akafsbonge kënne fir all Servicer vu BENU Village Esch asbl ageléist ginn, dës esouwuel op all den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl (ausser www.benureuse.lu) ewéi och op der Plaz am Ekoduerf BENU VILLAGE zu Esch/Uelzecht. Akafsbonge kënnen och op anere Verkafsplazen ageléist ginn, virausgesat dës si vu BENU Mataarbechter:inne bedriwwen (temporairë BENU Shop). Ausgeschloss sinn Akafsbongen allerdéngs fir de Kaf vun Artikelen op Verkafsplazen, déi net vu BENU Mataarbechter:inne bedriwwe ginn.
Akafsbonge kënne ganz oder deelweis ageléist ginn an hunn eng illimitéiert Gültegkeetsdauer. Et ass net méiglech, Akafsbongen zeréckzeginn an e Remboursement ze fuerderen.
1.10 Perséinlecht Ofhuelen
De/D'Client:e ka wielen, ob hie/si seng/hir Bestellung perséinlech am BENU Shop zu Esch/Uelzecht ofhëlt oder se op eng Liwweradress schécke léisst (cf. Art. 1.11).
Bei perséinlechem Ofhuelen am BENU Shop muss déi Persoun, déi d'Bestellung ofhëlt, d'Bestätegungs-E-Mail an digitaler oder gedréckter Form virweisen, fir säi/hirt Recht op Ofhuelen oder Entgéinthuelen nozeweisen.
Artikelen, déi fir e perséinlecht Ofhuele virgesi sinn, mussen innerhalb vun engem Mount no Receptioun vun der Bezuelung am BENU Shop zu Esch/Uelzecht ofgeholl ginn. No deem Delai gëtt d'Bestellung stornéiert a 50% vum bezuelte Wäert gëtt dem/der Client:e zeréckbezuelt.
Fir déi Artikelen déi net ofgeholl goufen an no deem Delai vun engem Mount, gëtt de/d'Client:e per E-Mail gebieden, seng/hir Bankdonnéeë fir de Remboursement matzedeelen. Sollt de/d'Client:e no engem Delai vun 3 Méint no Receptioun vun der Bezuelung seng/hir Bankdonnéeën net matgedeelt hunn, gëtt de Remboursement ongëlteg.
Wann et sech bei den Artikelen déi net ofgeholl goufen ëm Upassungen oder Realisatiounen op Mooss handelt, ass e Remboursement net méiglech. Déi concernéiert Artikele gi fir maximal sechs Méint no hirer Finaliséierung fir en Ofhuele gehalen.
1.11 Expeditioun
De/D'Client:e ka seng/hir Bestellung op eng Liwweradress schécke loossen, déi hien/si wärend dem Bestellvirgang muss uginn.
D'Expeditioun un eng Liwweradress ass käschteflichteg. D'Expeditiounskäschte gi jee no Land vum Empfänger, Gesamtgewiicht a -volumen vun der Bestellung ermëttelt an dem/der Client:e facturéiert. D'Expeditiounskäschte kënnen op den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl consultéiert ginn.
Eng Expeditioun ass an deene Länner méiglech, déi am Art. 1.3 genannt sinn. Op Ufro bei BENU Village Esch asbl kann eventuell och an anere Länner geliwwert ginn.
D'Bestellunge ginn an der Reegel vu Post Luxembourg verschéckt. Eng Bestellung kann och vun engem/enger vun eise Mataarbechter:innen oder engem aneren Expeditiounsdéngscht zougestallt ginn wann d'Natur vun de bestallten Artikelen oder d'Destinatioun et erfouerderen.
BENU Village Esch asbl behält sech den Eegentumsrecht op den verkaaften Artikelen, bis d'Bezuelung vollstänneg vum/vun der Client:e réaliséiert ginn ass. D'Bestellung gëtt un déi Liwweradress geschéckt, déi vum/vun der Client:e matgedeelt gouf. Mir iwwerhuele keng Verantwortung fir Liwwerungen, déi net zougestallt konnte ginn, well de/d'Client:e keng vollstänneg oder eng falsch Adress uginn huet oder well d'Wuer z.B. wéinst enger Absence net entgéintgeholl konnt ginn.
Op der jeeweileger Internetsäit ass uginn, ob en Artikel zum Zäitpunkt vun der Bestellung am BENU Shop zu Esch/Uelzecht oder op enger anerer Verkafsplaz ass. Artikelen, déi zu Esch/Uelzecht op Lager sinn, ginn an der Reegel innerhalb vun engem Schaffdag no Receptioun vun der Bezuelung fir d'Expeditioun virbereet an un den Expeditiounsdéngscht iwwerginn. Wann an der Bestellung, een oder méi Artikelen aus enger anerer Verkafsplaz stamen (z.B. Pop-Up Store), kann d'Virbereedung fir d'Expeditioun aus logistesche Grënn e bësse méi laang daueren.
Wann d'Liwwerung, ewéi an deene meeschte Fäll, duerch en externen Expeditiounsdéngscht erfollegt, kritt de/d'Client:e e Link fir seng Bestellung ze suivéieren an eng Sendungsnummer per E-Mail. Mir iwwerhuele keng Verantwortung fir Verspéidunge bei der Liwwerung oder eventuelle Schied. An dëse Fäll gëllen d'Bedéngunge vum jeeweilegen Expeditiounsdéngscht. Wann eng Bestellung net geliwwert gëtt oder e geliwwerten Artikel Schied opweist, fir déi den Transport verantwortlech ass, biede mir de/d'Client:e, eis telefonesch ze kontaktéieren, fir datt mir d'Situatioun kläre kënnen.
1.12 Retourpolitik
All Client:e huet d'Recht, e Kontrakt innerhalb vun 28 Deeg no Expeditioun vun der Wuer an ouni mussen e Grond unzeginn, ze widderruffen, an eis uschléissend d'Wuer zeréckzeschécken. E Retour ass nom Delai vun 28 Deeg no Expeditioun vun der Wuer grondsätzlech net méi méiglech.
Fir dass déi zeréckgeschéckte Wuer an esou de Vertragswidderruff vu BENU Village Esch asbl ugeholl gëtt, muss d'Wuer am perfekten Original-Zoustand sinn, d.h. ongewäsch an onbenotzt. E virsiichtegt, gewëssenhaftegt Umoossen ass erlaabt.
All d'Retoure sinn eenzeg an eleng u follgend Adress ze schécken:
BENU Village Esch asbl
32 rue d'Audun, L-4018 Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Eng eendeiteg Erklärung fir de Widderruff ass absolut noutwendeg. De/D'Client:e deelt dozou seng/hir Identifikatiouns- a Bestellnummer, déi perséinlech Donnéeën ewéi bei Kaf matgedeelt goufen, d'Artikelen déi zeréckzeschécke sinn, seng/hir Bankdonnéeën an och de Grond fir de Retour mat. Privilegiéiert sollen dës Informatiounen op de Retourschäin iwwermëttelt ginn. Dëse kann am Kont ënnert der jeeweileger Bestellung oder op der Säit "Service - Retour" erofgeluede ginn. D'Informatioune kënnen och per E-Mail (info@benucouture.lu) oder per Post (32 rue d'Audun L-4018 Esch-sur-Alzette) u BENU Village Esch asbl geschéckt ginn.
D'Sendungskäschte fir de Retour si vollstänneg vum/vun der Client:e ze droen. Sollt en Artikel Produktiounsfeeler hunn oder net der Bestellung entspriechen, gi sämtlech Sendungskäschte vu BENU Village Esch asbl rembourséiert.
Fir d'Zeréckschécken ass eleng de/d'Client:e verantwortlech. Sollt déi zeréckgeschéckte Wuer Feeler hunn, gëtt de/d'Client:e fir den e.E. entstane Wäertverloscht verantwortlech gemaach.
De Präis, ewéi en op der Rechnung ugewisen ass, gëtt no Receptioun a Kontroll vum zeréckgeschéckten Artikel, vu BENU Village Esch asbl rembourséiert. De Remboursement erfollegt innerhalb vu 14 Deeg no Receptioun vum Retour.
Amplaz vun engem Remboursement kann de/d'Client:e bei Artikelen, déi Produktiounsfeeler hunn, bei BENU Village Esch asbl ufroen, ob eng Reparatur méiglech ass oder ob e Rabatt bewëllegt ka ginn. Bei Artikelen, déi net der Bestellung entspriechen, kann de/d'Client:e d'Schécke vum richtegen Artikel ufroen. De/D'Client:e huet keen Usproch op Reparatur, Bewëllege vun engem Rabatt oder Schécke vum richtegen Artikel.
Bei individuelle Realisatiounen op Mooss oder Upassungen ass e Remboursement ausgeschloss.
1.13 Kulturpass
Besëtzer:inne vun engem Kulturpass kréien op Presentatioun vun hirem Kulturpass, eng Reduktioun vu 50% op all den Akeef (ausser op Akafsbongen) ewéi Servicer vu BENU Village Esch asbl. De Kulturpass gëtt vun der Cultur'all asbl (cf. www.kulturpass.lu ) ausgestallt.
Bei Artikelen, déi mir fir eis Partner:inne verkafen, gëllt de Kulturpass nëmmen dann, wann de/d'Partner:in um "Kulturpass" Projet deelhuele wëll. An deem Fall accordéiere mir déi vum/vun der Partner:in gewielte Reduktioun.
Fir Akeef "op der Plaz" a Servicer vu BENU Village Esch asbl, déi op enger Verkafsplaz ugebuede ginn, déi net vu BENU Mataarbechter:inne geréiert gëtt, ass de Kulturpass net gëlteg. Ginn déi selwecht Wueren oder Servicer online ugebueden, kann de Kulturpass do benotzt ginn.
1.14 Browser
D'Internetsäite vu BENU ginn a verschiddene Websproochen (HTML, HTML5, Javascript, CSS, asw.) ugebueden, fir e bessere Benotzerconfort an e méi angeneemt visuellt Erliefnis z'erméiglechen. Fir d'Internetsäiten optimal benotzen ze kënnen, empfiele mir Dir, modern Browseren ewéi Edge, Firefox, Google Chrome, Safari asw. ze verwenden. D'Verwende vu wéineg genotzten, ze alen oder net aktualiséierte Browseren, kann zu Fonctionnementsstéierunge féieren. Mir empfielen, aus Sécherheets- a Fonctionnementsgrënn, Däi Webbrowser reegelméisseg z'aktualiséieren.
1.15 Niewenaccorden
Niewenaccorden, déi iwwert de Contenu oder de Kontext vu de Gebrauchsbedéngungen erausginn, musse schrëftlech gemaach ginn.
Sollt eng Bestëmmung vun dëse Gebrauchsbedéngungen ongülteg sinn oder ginn, esou gëtt doduerch d'Gültegkeet vun den iwweregbliwwene Geschäftsbedéngungen net beaflosst.
1.16 Intellektuell Eegentumsrecht
All Reproduktioun vun den Internetsäite vu BENU Village Esch asbl, esou ewéi all aneren net legitime Gebrauch vun dësen Internetsäiten, sief et ganz oder just deelweis, ass verbueden a kann juristesch Poursuitte mat sech bréngen.
1.17 Geriichtsbarkeet
Déi allgemeng Geschäftsbedéngungen (allgemeng Bestëmmungen a speziell fir déi eenzel Sparten) ënnerleeën de lëtzebuergesche Gesetzer. Mir leeë Wäert drop, all Konflikt aussergeriichtlech bäizeleeën. Fir de Rescht sinn ausschliisslech lëtzebuergesch Geriichter zoustänneg.
2 Speziell Bestëmmungen BENU COUTURE (www.benucouture.lu)
2.1 Produkitounssite / Kontakt
D'Kreatioune vu BENU COUTURE ginn ausschliisslech am Schneideratelier (32, rue d'Audun, L-4018 Esch/Uelzecht) hiergestallt, wat och d'Adress ass vum physesche BENU Shop.
Reklamatioune vun all Zort si vun de Clientë/eë schrëftlech ze signaliéieren a kënnen och op elektroneschem Wee op follgend Adress geschéckt ginn: info@benucouture.lu.
2.2 Materialzesummesetzung vun de BENU Kreatiounen
D'Kleedungsstécker an Accessoiren déi op der Internetsäit www.benucouture.lu ugebuede ginn, ginn aus gebrauchte Kleedungsstécker an Textilien hiergestallt, déi vu Privatleit zur Verfügung gestallt ginn. Privatleit kënne Materialien direkt am BENU Shop oder op eng Sammelplaz, lokaliséiert am Grand-Duché vu Lëtzebuerg, ofginn.
Nei Komponenten, ewéi z.B. Tiretten, ginn nëmmen an Ausnamefäll kaf. All neie Kaf gëtt kritesch analyséiert fir déi beschtméiglech Nohaltegkeet a Sozialkompatibilitéit ze garantéieren.
Fir d'BENU Kreatioune gi méiglechst Stoffer aus Naturfasere benotzt. Nëmmen dann, wann d'Funktioun vun engem Kleedungsstéck et noutwendeg mécht, gi Materialie verschafft déi (och) syntheetesch Faseren enthalen. Aus Prinzip gëtt Pelz net verwent.
2.3 Produktioun vun de BENU Kreatiounen
Gebrauchte Kleedungsstécker an Textilie ginn op Basis vu Patronen, déi vum BENU COUTURE Team jee no Joreszäit an aktuellen Trends ausgewielt ginn, nei zesummegesat an opgewäert (UpCycling). Am Schneideratelier gi verschidde Modeller vu Kleedungsstécker fir Unisex, Männer, Fraen a Kanner esou ewéi Accessoiren entworf. D'Modeller ginn an ënnerschiddleche Varianten hiergestallt, mat jeeweils ënnerschiddleche Faarw- a Stoffkombinatiounen a Gréissten. All Artikel ass eenzegaarteg.
2.4 Präisser BENU COUTURE
D'Verkafspräisser schléissen en TVA-Taux vu 17% fir Unisex-, Fraen- a Männerkleedung esou ewéi Accessoiren (Poschen, Spiller, Schlofmasken, asw.), vun 3% fir Kannerkleedung a vun 8% fir individuell Upassungen a Realisatiounen op Mooss an.
Zousätzlech gëllen déi allgemeng Bëstemmungen zu de Präisser ënner Art. 1.7.
2.5 Fleeg vun de Kleeder
D'BENU COUTURE Kreatioune kënne generell bei 30° Celsius gewäsch ginn, ausser et gi spezifesch aner Hiweiser matgedeelt. Méi genau Hiweiser zur Fleeg vun de Kleeder stinn op der Internetsäit www.benucouture.lu bei den eenzelne Variante vun engem Modell.
2.6 Besonnesch Bestëmmunge fir d'Garantie bei BENU COUTURE
Fir Kleeder an Accessoirë vu BENU COUTURE gëllt eng liewenslaang Garantie. Dës Garantie bezitt sech op Veraarbechtung vun den Textilien, déi vun der BENU COUTURE Ekipp am Kader vum UpCycling realiséiert gouf, ewéi z.B. Nouten, Applikatiounen a Weideres. D'Garantie gëllt awer net fir dat normaalt Ofnotze vum Stoff.
Sollten, trotz adequater Behandlung Qualitéitsmängel optrieden, verflichte mir eis, bei Zeréckschécke vum concernéierten Artikel, dëse gratis ze flécken oder gläichwäerteg z'ersetzen. Bei individuellen Upassungen ouni BENU Logo brauche mir d'Rechnung. Wann et sech ëm eng BENU COUTURE Kreatioun handelt ass d'Virleeë vun der Rechnung net néideg.