Entdeck d'Welt vu BENU

Entdeck d'Welt vu BENU

BENU VILLAGE ESCH ASBL

BENU VILLAGE ESCH ASBL

Dat éischt Ekoduerf an der Groussregioun, dat all d'BENU Aktivitéite (Restaurant, Buttek, Konscht) regruppéiert. Mir organiséiere participativ, kreativ a pedagogesch Aktivitéite ronderëm Theeme vun der sozial-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU VILLAGE SIS

BENU VILLAGE SIS

Eng Gesellschaft mat beschränkter Verantwortung, déi de Prinzippie vun der Sozial- a Solidarwirtschaft entsprécht. BENU Village Esch/Alzette sàrl-SIS representéiert BENU um private Marché an encouragéiert privat Patrone/onnë sozial-ekologesch Aspekter an hire Betriber ëmzesetzen. Eng nei Internetsäit wäert 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU SLOOW

BENU SLOOW

Well Ernärung a Liewensmëttelverschwendung Theeme sinn, déi eis um Häerze leien, hu mir BENU SLOOW gegrënnt. Den éischte "Rescued Food" Restaurant an der Groussregioun, bitt eng Bio-Kichen un, originell a virun allem nohalteg! Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Wanter 2022/23 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU COUTURE

BENU COUTURE

Dëst ass den éischten UpCycling-Schneideratelier zu Lëtzebuerg! Mir bidden eenzegaarteg Stécker un, déi zu Lëtzebuerg aus alem Gezei entworf a produzéiert ginn. BENU COUTURE, dat si lëschteg, faarweg an uspriechend Kleedungsstécker fir Kanner an Erwuessener vun XS bis 5XL. Du kanns Deng Kleeder och no Dengen eegenen Iddie modifizéieren!

BENU REUSE

BENU REUSE

Du wëlls gebrauchte Miwwelen oder Géigestänn verschenken? Du sichs e bestëmmten Objet? Entdeck déi nei Plattform BENU REUSE, déi d'Spende vu gebrauchte Miwwelen a Géigestänn a Lëtzebuerg vereinfacht. D'BENU REUSE Ekipp këmmert sech ëm alles! Mir kommen Deng gebrauchte Saache gratis sichen an transportéiere se bei hir nei Besëtzer:innen. Méi dozou hei:

BENU LaSA

BENU LaSA

Du stells UpCycling-Kreatiounen hier? Du wëlls lokal Kënschtler:inne kenneléieren, déi am Beräich vum UpCycling schaffen? BENU LaSA, am Zentrum vum BENU VILLAGE, ass déi perfekt Plaz fir Deng nohalteg Kreatiounen ze presentéieren, Dech z'inspiréieren an ongewéinlech Kënschtler:innen z'entdecken. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU FORM

BENU FORM

Well UpCycling net just Kleedung concernéiert, mee wäit doriwwer eraus geet! BENU FORM entwërft a bitt eenzegaarteg Miwwelen un, déi aus ale Miwwele geupcycelt sinn déi soss um Tipp gelant wieren. All d'BENU FORM Kreatioune fënns du am BENU VILLAGE. Eng méi informatiounsräich Internetsäit wäert am Fréijoer 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

BENU BREAK

BENU BREAK

Brauchs Du eng Paus fir Dech ze erhuelen, Dir Zäit ze huelen oder Dech z'inspiréieren? Wéi wier et, e puer Deeg bei BENU BREAK ze verbréngen, dat eenzegt Hotelszëmmer am BENU VILLAGE? Eng rätselhaft, frëndlech an eenzegaarteg Plaz, einfach ideal. Eng nei Internetsäit wäert bis Enn 2023 ageriicht ginn. Méi dozou hei:

D’Ekoduerf ass am vollen Opbau!

BENU VILLAGE

… en eemolegt innerstädtescht Broochland direkt nieft dem Zentrum, am Grenz-Véierel vun der Stad Esch-Uelzecht am Süde vu Lëtzebuerg, tëscht der Rue d’Audun an dem Boulevard Prince Henri: Hei entsteet BENU VILLAGE!

Dat ass e ronn 1800qm groussen Terrain, deen der BENU Village Esch asbl vun der Stad Esch-Uelzecht zur Verfügung gestallt ginn ass, fir op dëser Plaz dat éischt Ekoduerf vu Lëtzebuerg an der Groussregioun opzebauen.

D’Ëmsetzung vu BENU VILLAGE gëtt duerch déi generéis Ënnerstëtzung vun der Stad Esch-Uelzecht erméiglecht. Weideren, wäertvolle Support kréie mir vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement Durable, dem Ministère de l’Économie et du Commerce, der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an der Fondation André Losch.

Mir soen all eisen Ënnerstëtzer:inne Merci fir hire formidabelen Engagement!

Wat ass iwwerhapt en Ekoduerf?

Bei engem Ekoduerf geet et ëm e Projet, deen all seng Aktivitéiten op Nohaltegkeet, Kooperatioun a Participatioun baséiert.

Als Plattform vun der sozio-ekologescher Kreeslafwirtschaft setzt d’Ekoduerf BENU VILLAGE konsequent op Prinzippien vum UpCycling, der lokaler Produktioun a Kollaboratioun, esou ewéi op sozial an ekologesch Wäerter. BENU VILLAGE ass en Deel vum Stadliewe vun der Stad Esch-Uelzecht a gëtt an de verschiddenste Beräicher innovativ Impulser:

  • Optimiséierung an Innovatioun vum Energie- a Ressourcëverbrauch
  • Erschafe vun engem Kreeslafwirtschaft-Pilotprojet
  • Fërderung vun der sozialer Stadentwécklung
  • Garantie vun enger transparenter Kommunikatioun

Vum Ufank bis bei d’Ekoduerf …

Ab Abrëll 2019 hunn d’Aarbechten um Pilotprojet PROVISORIUM ugefaangen, mat dem Zil, éischt praktesch Erfarunge virun allem am Beräich vun der nohalteger Isolatioun ze sammelen. Dësen éischte Bauprojet ass am Oktober 2019 fäerdeg ginn.

Am PROVISORIUM war bis Enn Oktober 2022 eise professionelle Schneideratelier BENU COUTURE, deen UpCycling-Moud aus gebrauchtem Stoft designt, produzéiert an och am eegene Buttek verkeeft.

Am November 2022 ass BENU COUTURE an d’Ekoduerf geplënnert. De Finissage vu BENU VILLAGE leeft also op Héichtouren, a geschwë wäerte weider BENU Aktivitéiten hei stattfannen an ugebuede ginn:

  • den innovativen an nohaltege Restaurant BENU SLOOW
  • den Ausstellungs- a Verkafsraum fir UpCycling-Kreatioune vu BENU a sengen externe Partner BENU LaSA
  • den UpCycling-Miwwelatelier BENU FORM
  • d’Hotelszëmmer BENU BREAK

Am BENU VILLAGE sinn doriwwer eraus och nach Raim virgesinn, déi un aner Initiative verlount wäerte ginn. Du bass intresséiert? Da mell dech hei.

Wat ass besonnesch um BENU VILLAGE?

BENU VILLAGE Gëtt mat méiglechst wéinegen neie Materialien opgebaut. Et ass eng Plaz, wou mir ëmmer nees no neie Méiglechkeete sichen, fir de Ressourcëverbrauch weider ze reduzéieren an Offall ze vermeiden. Eng Plaz, wou kontinuéierlech den ekologeschen a sozialen Foussofdrock verbessert gëtt, a wou esou wuel héichwäerteg, ewéi och kreativ Produiten a Leeschtungen offréiert ginn, déi sech duerch hir Nohaltegkeet auszeechnen.

D’Konstruktioun vum Ekoduerf gëtt nom Prinzip vun der nohalteger Kreeslafwirtschaft realiséiert. All déi nei Gebai-Deeler bestinn aus ale Schëffscontaineren, déi keng Erlabnis méi fir deen Zweck haten, fir dee se ursprénglech geduecht waren. Fir den Ausbau kommen ofgebaute Materialien vun anere Bauprojeten, esou ewéi Reschter vu Partner-Betriber an den Asaz. Déi sougenannte „Container-Bauweis“ erlaabt eng Minimiséierung vun der Buedemverdichtung a -versigelung. Duerch d’Benotze vu waasserduerchlässege Buedembeleeg am Bausseberäich gëtt och den negativen Impakt op de Waasserkreeslaf reduzéiert. D’Reewaasser Gëtt gesammelt an dann am BENU VILLAGE fir d’Toiletten an d’Bewässerung vum Gaart benotzt. Am Ekoduerf kommen doriwwer eraus en autonomen Heiz-/Killsystem mat gebrauchte Solarpanels a sougenannte „Luftwärmetauschern“, an en experimentellen, mobillen Grousswaasserspäicher an den Asaz.

Als Resultat vu ville Recherchen an Diskussiounen op internem an externem Niveau, am Gespréich mat Extert:innen, ass et eis beim Bau vun eisem Ekoduerf gelongen, bal komplett op den Asaz vun ëmweltbelaaschtende Materialien ewéi Betong, Bitumen, Gips oder Silikon ze verzichten. Den ekologesche Foussofdrock vun dëse Materialien, déi mëttlerweil ewéi selbstverständlech zum Standardrepertoire vum Bauen gehéieren, ass enorm - d’Potenzial, fir se ze recycelen, ass dofir awer erschreckend geréng.

Déi vill Méi huet sech awer gelount:

  • Fir de Bau goufe quasi just gebrauchtent Metall an Holz benotzt. Partiell ass och Stréi aus der Regioun an den Asaz komm.
  • D’Isolatioun vun de Schëffscontainer besteet baussen aus enger Mëschung aus „Miscanthus“ (Chinaschilf) aus der direkter Ëmgéigend, esou ewéi aus chemesch onverännertem Kallek. Am Kontext vum Pilotprojet PROVISORIUM goufe scho wäertvoll Erfarungen am Beräich vun der Ëmsetzung vun dëser nohalteger Aart a Weis, fir ze bauen, gemaach. Beim Ofrappe léisst sech dëst Material an der Form vun organeschem Dünger klima- an ëmweltneutral nees gebrauchen.
  • D’Fassade gi mat Leem direkt vun der Plaz verbotzt.
  • Bannen an de Raim kennt Hanf als Akustik- an Hëtztisoléierung an den Asaz. De Gebrauch vu Leem wierkt sech doriwwer eraus och positiv op d’Klima an de Raim aus.

Mee dat ass nach net alles!

Mam Projet BENU METAMORPHOSE gëtt d’Ekoduerf an de Bannen- an Bausseberäicher op eng participativ Aart a Weis kënschtleresch gestalt: lokal Naturmaterialien, „Offall“, eng gutt Portioun Kreativitéit :) a begeeschtert Leit … méi brauche mir dofir net! BENU VILLAGE waart op eng gemeinschaftlech Transformatioun an all sengen Ecker, Nischen a Flächen.

Och Du kanns bei der Gestaltung vu BENU VILLAGE matmaachen! Mell Dech bei eis!

Looss eis BENU VILLAGE zu enger Plaz vun der Gemeinschaft, der Integratioun an der Zesummenaarbecht maachen. Enger Plaz, déi d’Leit beweegt.