




Soziaalt Zesummesinn an de BENU Atelieren
Ekologesch Exzellenz an alle Beräicher
Lokal Produktioun a lokal Aktivitéiten
Transparent Kommunikatioun an Informatioun
Kooperatioun an Zesummenaarbecht
BENU setzt sech fir Integratioun, Inclusioun an déi selwecht Rechter fir jiddereen an. Een Drëttel vun den Aarbechtsplazen am BENU VILLAGE si fir Persoune reservéiert, déi op dem Aarbechtsmarché benodeelegt sinn oder e besonnesche Schutz brauchen. BENU integréiert z.B Laangzäit-Aarbechtsloser, Refugié:en an Asylbewerber:innen, Jugendlecher ouni Beruffserfarung, esou ewéi national an international Benevoller. Doriwwer eraus bitt BENU Ausbildungsplazen un a gëtt Stagiairen d’Méiglechkeet, d’Aarbechtswelt kennenzeléieren.
D’Ekoduerf BENU VILLAGE gëtt nohalteg gebaut, andeems beispillsweis maximal op gebrauchte Materialien zeréckgegraff gëtt. De Ressourcëverbrauch gëtt duerch en nohaltegt Energie- a Reewaasserkonzept optiméiert. Als innovative Pilotprojet zur Kreeslafwirtschaft sicht BENU bei all sengen Aktivitéite kontinuéierlech no Verbesserungsméiglechkeeten: sief et bei der Reduzéierung vum Offall, dem Notze vun traditionellen Techniken oder der Entwécklung vun neie Léisungen.
All BENU Kreatioune ginn op der Plaz am BENU VILLAGE entworf a produzéiert. Déi lokal Produktioun garantéiert handwierklech Qualitéit a fair Aarbechtskonditiounen, spuert Ressourcen a reduzéiert Transportweeër. Lokal aktiv sinn heescht och, en Deel vum Stadliewe vun Esch-Uelzecht ze sinn! BENU schafft mat lokale Veräiner a Bierger zesummen, setzt sech fir eng sozial Stadentwécklung an an ënnerstëtzt d’Stad Esch-Uelzecht bei der Ëmsetzung vun hire Klimapakt-Ziler.
BENU ass en innovative Pilotprojet vun der sozio-ekologescher Kreeslafwirtschaft. Recherchen an Diskussioune mat Fachleit an intresséierte Persounen hëllefen eis bei der konstanter Weiderentwécklung vu BENU. Transparent Kommunikatioun heescht fir eis, esou wuel eis Handlungsoptiounen, ewéi och eis Grenze kloer z'ënnersträichen. Et ass eis wichteg, iwwert eis Aarbecht z'informéieren: firwat maache mir eppes? Wéi schaffe mir? Wat fir eng Méiglechkeeten hu mir? BENU wëll d’Leit inspiréieren!
BENU VILLAGE ass eng Plaz vum Zesummentreffen. Ob jonk oder al, als Privatpersoun, Veräin oder Entreprise - mir invitéieren jidderee bei BENU matzemaachen. BENU bitt Berodung, Workshops an ënnerschiddlech Aktivitéiten un. De participative Konschtprojet BENU METAMORPHOSE bréngt doriwwer eraus Fräiwëlleger mat Kënschtler:innen aus verschiddene Kulturkreesser zesummen. Fir Mënschen, déi hiren Deel zu enger nohalteger Verännerung vun eisem Konsumverhale bäidroe wëllen, stellt BENU REUSE - eis Austausch-Plattform fir gebrauchten Objeten - déi ideal Méiglechkeet duer.
