Du wëlls wësse wou Däi Iessen aus dem Geschäft hierkënnt?
Du vertraus d’Schëld ‘echt Italienesch’ oder ‘aus der Regioun’?
Da brauchs Du ee puer tipps!

Déi meescht Plaze- a Regiounen Nimm sinn ongeschützt. Schwarzwald Ham kënnt net aus dem Schwarzwald. Richteg italienesch Konserventomaten komme bal all aus China, bei wäitem de gréissten Tomateproduzent vun der Welt. De Südtirouler Apel muss net aus Südtiroul kommen, grad esou wéineg wéi de Kiwi de Corse dee net muss op der populärer Insel ugebaut ginn. Dat alles geschitt ënnert der Bezeechnung ‘geschützte geografische Angabe’ (> bloe Label). Mat dësem ganz bekannte Label geet et duer wann zum Beispill just d’Verpakung, zum Deel, op der spezifizéierter Plaz produzéiert gëtt…Immens!

Am Fall vu veraarbechten Uebst a Geméis, wéi Konserven – mat e puer Ausnamen – muss d’Land vun der Hierkonft net indiquéiert ginn. Dëst ass nëmmen de Fall mat Biowueren. Awer och hei hunn d’Produzenten eng Léisung fonnt. Zum Beispill geet beim EU-Bio-Label (am Géigesaz zu anere Bio-Labelen wéi Demeter) d’Bezeechnung “EU-Landwirtschaft” oder “Net-EU-Landwirtschaft” duer. Sou richteg transparent fanne mir dat ganzt net…

Mee opgepasst, et ginn och (leider zimmlech wéineg) geschützt Hierkonftsbezeechnungen (> roude Label). Dir fannt se ënner ‘geschützte Ursprungsbezeichnung’. Beispill: Oliven de Nîmes, Allgäu Bierg Kéis. Dës Produkter musse produzéiert, hiergestallt a veraarbecht ginn an der designéierter Regioun.

JO, et ass méiglech!

_
Quellen:
European commission
lebensmittelklarheit.de
verbraucherzentrale.de
swr.de
statista.com