Wien ass BENU VILLAGE ESCH asbl ?

BENU Village Esch asbl begleet de BENU bei der Virbereedung,
Konzeptioun, Kommunikatioun an dem Opbau vum BENU VILLAGE, engem EcoVillage.

Dir kënnt matmaachen !
Kontaktéier eis per Formulaire, Mail (benu@benuvillageesch.lu) oder
Telefon (+352 2791 1949‬). Mir freeën eis op de Kontakt!

De Numm BENU

Salut, ech sinn de BENU. Nenn mech einfach ‘Be New!’, dat heescht ‘Sief nei!’ op englesch. Ech kommen aus der egyptescher Fantasie a gouf zeg, zeg Mol an egyptesche Pyramiden ofgebild. Am Fong geholl geet et duer wann s De Der mierks, dass ech de Virfaar vum griechesche Phenix sinn. Du weess, dee wonnerschéine roude Villchen, deen ëmmer nees nei gebuer gëtt fir da nees aus de Flamen op ze goen an aus den Äschen op ze erstoen.

Ech si ganz schéin houfreg drop, dëse BENU VILLAGE ESCH Projet ze begleeden. D’Ekipp schafft richteg haart um Rad vum Liewen. Jo wiirklech! Ech freeë mech terribel op d’Ëmsetzung vum Projet. Och Du därfs drop gespaant sinn. Looss Dech informéieren iwwert dëst innovativt Upcyclingduerf, dat eng professionell (Konscht-)Plattform gëtt fir divers Performancen a Leeschtungen, wéi z.B. lokalt innovativt Iessen, sozialverantwortlech Kleederproduktion (a Verkaf!) a villes, villes méi!

Follow mer op Facebook an Instagram, a schreif Dech an fir de Newsletter, deen ech regelméisseg verschécken fir iwwert eise Projet ze informéieren. Aschreiwe kanns De Dech ënnen op dëser Säit !

ENG PLAZ, DÉI D'LEIT BEGEWEEGT

ODER OCH : FIRWAT BENU ?

Op der Sich no “korrekten”, “gerechten”, “proppere” Produiten a Leeschtungen stellen sech munnech Froen. Intransparenz wouhin een och kuckt. Wéivil dagt e Label? Wéi korrekt sinn d’Aarbéchtskonditiounen bei der Hierstellung vu Produiten an Iesswueren? Wéi eng Alternative gëtt et, iirt ech e Produit engdülteg entsuerge muss? Ass eng Produktioun denkbar, déi keng nei Ressource verbraucht?
Dëss an ähnlech Froen beschäftegen eis schons zënter Joren.

Kritiséieren an diskutéieren ass gutt. Handelen an Äntwerte fannen ass besser.

Aus dëser Erkenntnëss entsteet am Joer 2015 d’Iddi vum BENU VILLAGE : dat éischt Ecoduerf an der Groussregioun Lëtzebuerg! Hei fannen ech Äntwerten. Hei fannen ech Alternativen.

BENU VILLAGE gëtt mat méiglechst wéinege neie Ressourcen opgebaut. Et ass eng Plaz, wou mer stänneg no Méiglechkeete sichen, fir nach manner Primärressourcen ze verbrauchen a nach manner Ressourcen ze entsuergen. Eng Plaz, wou mer kontinuéierlech den ekologeschen an de sozialen Foussofdrock verbesseren. Eng Plaz, wou mer héichwäerteg a kreativ Produiten a Leeschtunge produzéieren. Eng Plaz vun der Partizipatioun, der Integratioun an der Kollaboratioun. Eng Plaz, déi d’Mënsche bewegt.

Eng Plaz, déi sech konsequent der sozio-ekologescher Circular Economy (Kreeslafwirtschaft)t, verschreift.

BENU bitt Alternativen

Ënnert dem Label BENU fënns Du Produiten a Leeschtungen, déi de strengen Ufuederungen vun der BENU Charta gerecht ginn. Dës Charta baséiert op de Wäerter Transparenz, sozial Responsabilitéit, lokal Produktioun an ekologesch Exzellenz.

Dir wëllt wëssen, ënnert wéi enge Konditiounen e Produkt fabrizéiert gouf, wéi säin ekologeschen a sozialen Ofdrock ausgesäit? Dir wëllt wëssen, wat mat engem Produkt passéiert, wann et net méi gebraucht gëtt? Wat heeschen déi Ausdréck ‘bio’ a ‘propper’ wiirklech?

BENU bitt Äntwerten op esou Froen an hëlleft, fir Alternativen ze fannen an Entscheedungen ze treffen.

BENU informéiert

BENU VILLAGE ESCH asbl seet folgenden Akteure Merci fir hir frëndlech Ënnerstëtzung

Merci