BENU VILLAGE, en Ekoduerf no de Regele vun der Economie Circulaire, verlount Plaz u Professioneller, zu deenen och Start Up’en zielen, fir kënnen hirer Tätegkeet nozegoen. Sämtlech Aktivitéiten ginn am Respekt vun der BENU Charta realiséiert, déi op de Wäerter Transparenz, sozial Responsabilitéit, lokal Produktioun an ekologesch Exzellenz baséiert.
BENU VILLAGE gëtt mat méiglechst wéinege neie Ressourcen opgebaut. Et ass eng Plaz, wou mer stänneg no Méiglechkeete sichen, fir nach manner Primärressourcen ze verbrauchen a nach manner Ressourcen ze entsuergen. Eng Plaz, wou mer kontinuéierlech den ekologeschen an de sozialen Foussofdrock verbesseren. Eng Plaz, wou mer héichwäerteg a kreativ Produiten a Leeschtunge produzéieren. Eng Plaz vun der Partizipatioun, der Integratioun an der Kollaboratioun.
ENG PLAZ, DÉI D’MËNSCHE BEWEGT !
Sammelt al Kleeder a Stoffter, verännert se a kreeéiert esou nees nei modern Kleeder an der Seri, déi komplett lokal hiergestallt a verkaf ginn
De Restaurant vum BENU VILLAGE demonstréiert, wéi immens gutt an innovativ lokalt Bio-Iesse si kann
Schaft d’Méiglechkeet fir sozial Arichtungen a lokal Kënschtler, hir Produiten op Aenhéicht an engem moderne Kader unzebidden a bekannt ze maachen
Eco Village
Adress 32 rue d’Audun,
L-4018 Esch-sur-Alzette
BENU Village Esch asbl
Adress 50, Rue des Celtes
L-1318 Luxembourg
Email benu@benuvillageesch.lu